Neies
Endlech ass en nees do!
The king of comedy:
Roland Gelhausen
Donnesdes den 1 Juni am Restaurant Aeppel a Biren zu Angelduerf
Komm lauschteren; kucken; iessen an drénken an virun allem schmunzelen a laachen.
Wann dat alt riicht ausgeet!
Et geet vun aktuelle politeschen Themen bis bei al, awer schonn nees aktuell Geschichten, vu sozial a kritesch bis kritesch awer sozial,
vu Réckbléck op dat wat eis déi lescht Zäit beweegt huet bis bei Prog-nosen wat eis nach erwaart. Vu satieresche Versen iwwert zynesch Prosa Texter bis zu skurille Kuerzgeschichten. Vu Witzeg bis Eescht.
Mir zerwéieren ab 19.00 en italieneschen-Buffet.
Riddo: 20.30 Entrée mat Iessen 42.00 €
Umellungen um 26804847 oder lou.steichen@aeppelabiren.lu